Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

29.04.2015

19h00
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 18h30

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsrecht, Uni Lëtzebuerg

De Luc Heuschling ass Docteur en droit vun der Sorbonne an zanter 2011 Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg. Hien ass den Autor vun enger Rei vu Bicher an Artikelen, ënner anerem zur Verfassungsreform zu Lëtzebuerg, déi och op Internet verfügbar sinn. 

http://wwwen.uni.lu/fdef/droit/equipe/luc_heuschling

D'Verfassungsreform an den Referendum vum 7. Juni 2015

Eng wëssenschaftlich Analyse  

vum Luc Heuschling, professer op der Uni Lëtzebuerg

Am Kader vum Referendum vum 7. Juni 2015 sinn d'Lëtzebuerger Wieler opgeruff, hir Meenung zu dräi Froen zur Verfassung auszedrécken: iwwer d'Walrecht mat 16 Joer, d'Walrecht bei de Chamberswalen fir Net-Lëtzebuerger ënnert gewësse Konditiounen, an iwwer d'Limitatioun vun de Ministermandater op 10 Joer.

Dës wichteg Froe sinn net ouni eng gewësse verfassungsrechtlech Komplexitéit. Et muss een si en plus an de Kader vun der Reform vun der ganzer Verfassung stellen, déi deene meeschte Leit net bekannt ass.

Hei soll ënnert anerem op dës Froën geäntwert ginn: 

Iwwer d'Reform vun der ganzer Verfassung: Wat sinn d'Enjeuen? Wéi eng Plaz hunn dës dräi Froen am Kader vun dëser globaler Reform?

Iwwer d'Prozedur vum Referendum: Wéi e Stellewert huet de Referendum an der Revisiounsprozedur vun der Verfassung?

Iwwer déi dräi Froen vum Referendum: Wéi ass den exakten Sënn vun jiddwer Fro? Wéi eng sin am Fong déi wichtegst Grënn dofir an dogéint?