Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

10.10.2015

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Bal 50 Musikantinnen a Musikante bréngen Zefriddenheet a vill Begeeschterung mat an d’Douane’s Musek, déi virun 23 Joer gegrënnt ginn ass. Och wann am Ufank de Styl enger klassescher Duerfmusik entsprach huet, esou ass et ënnert dem Impuls vum dynameschen Dirigent Paul Dahm méi an d’Richtung vun enger Big-Band oder Show-Band mat Sänger respektiv Sängerinnen, wéi dem Danielle Kohll, Tania Welter, Sandy Botsch, Kim Scheiden, Änder Hirtt, Misch Stimpfl a Claude Hoffmann, respektiv Soliste wéi dem renomméierten Trompettist Tony Schuster, gangen. Vill Fläiss a gutt besichte Prouwen hunn ëmmer méi en héijen Niveau bruecht. Haut spillt d'Douane's Musek ënnert der Leedung vum beschtbekannte Museker an Dirigent Ernie Hammes.

De Concert ass organiséiert vum Syndicat d'Initiative vun Diddeleng. Den Entrée ass gratis. Et gëtt eng Quête gemaach fir e gudden Zweck.