Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

19.03.2014

20h00
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

15 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

D'Christiane Kremer hëlt Iech mat op e Spadséiergank an e Park, wou Dir d’Sonndesjoggerin an de Laptopmann kenneléiert. Eng wonnerbar douce Libesgeschicht mat oppenem Schluss mécht den Optakt vun der neier Serie.

D'Claude Schiltz erzielt mat vill Selbstironie vu senger éischter Schivakanz, déi een eenzege Fiasko war: „Eppes ass sécher, ech si kee Schnéihues a wäert an dësem Liewen och kee méi ginn.“ Ob d'Schier hirer Léift am Wee stoungen?

D'Vesna Andonovic hëlt de Lieser mat op e psychedelesch-intellektuellen Trip op enger Aachterbunn mat Fibonacci-Arrêten. Si selwer dréckt et esou aus: „Den Herrgott, ech an e Fuerz, dee queesch sëtzt. Tréischt Dech, ech hunn och nach net verstan, wéi all déi Saachen zesummenhänken.“

D'Diane Neises stellt Iech d’Cappelletti-Bridder vir, mat deenen den Ech-Protagonist Fränz zesummen d'Artnapping SA gegrënnt huet. Hire Businessmodell: Si tausche Biller aus, well ausseruerdentlech economesch Ëmstänn erlaben ausseruerdentlech Moossnamen. Eng ënnerhalsam „Konschtgeschicht“ voller Esprit.

Bei der Serie „Smart Kremart by Kremart Edition“ handelt et sech ëm ganz kleng Bicher, déi net méi grouss an net méi déck si wéi e Smartphone – also praktesch, fir se ëmmer an iwwerall bei sech ze hunn a bei jidder Geleeënheet dran ze liesen a sech vun enger kuerzer, intensiver Geschicht entféieren ze loossen.

4 Auteurinne mat 4 ganz verschiddenen Stiler liesen fir aus hiere Wierker, begleed vun der Anaïs Lorentz um Saxofon.